Sanéierungsaarbechte vun N10 kéinten Uganks 2019 ufänken
Nodeems eng Automobilistin op de schlechten Zoustand vun der Streck Dosbuerg-Maarnech opmierksam gemaach huet, kënnt elo Beweegung an den Dossier.
Et ass net ofzestreiden, dass d'Streck tëscht Dosbuerg a Maarnech an engem ganz schlechten Zoustand ass, huet et um Méindeg an engem Communiqué vum Nohaltegkeetsministère geheescht.
Schonn de Weekend hat de Minister François Bausch versprach fir ze reagéieren. Elo koum déi offiziell Annonce, datt Uganks d'nächst Joer d'Sanéierungsaarbechten op der N10 sollen ufänken.
Eng knapp Woch ass et elo hier, datt eng Automobilistin op Facebook op de ganz schlechten Zoustand vun der Streck tëscht Maarnech an Dosbuerg mat engem Video opmierksam gemaach hat. Iwwer 10 Joer scho schleefen d'Aarbechten hei, well et e Konflikt gëtt tëscht Stroossesécherheet an dem Naturschutz gëtt. Eréischt virun e puer Wochen wier eng Léisung fonnt ginn, sou den zoustännege Minister.
Am offizielle Schreiwes vum Infrastrukturministère heescht et, datt d'Aarbechte vun der N10 an zwou Phase sollen opgedeelt ginn. D'Aarbechte fir d'Strooss frësch ze maache sollen dëst Joer ausgeschriwwe ginn a kéinten dann Ugangs 2019 ufänken. 4,22 Kilometer mussen erneiert ginn. 300 Schaffdeeg si fir dee Chantier virgesinn. Déi nei Streck soll eng Breet hu vu 6 Meter.
Déi 2. Phase vun den Aarbechten, wou dem Naturschutz Rechnung gedroe gëtt, ass fir méi spéit.Schonn e Méindeg 26. Mäerz 2018 um 8 Auer gëtt d'Streck wéinst Aarbechte bis den 30. Mäerz um 17 Auer gespaart. Sou steet et am Trafic-Info vum ACL.
N10 Route national: Schengen - Marbourg
21/03/2018 10:20Zwischen Einmündung Dasbourg/Pont und Marnach in beiden Richtungen Bauarbeiten, gesperrt, Dauer: 26.03.2018 08:00 Uhr bis 30.03.2018 17:00 Uhr
Artikel: Schlechten Zoustand vun der N10 - Minister Bausch reagéiert a versprécht Besserung
Un projet en cours pour le réaménagement de la route nationale N10 sur le tronçon entre Dasbourg et Marnach (20.03.2018) | |
| |
Il est indéniable que le tronçon de route entre Dasbourg et Marnach (N10) se trouve dans un mauvais état et c’est pour cette raison que son redressement avait été programmé depuis plusieurs années. Or, le redressement en question s’est heurté à plusieurs reprises aux conflits subsistants entre les critères de la sécurité routière devant être respectés lors du réaménagement et les restrictions causées par le statut de la zone dans laquelle se situe le tronçon routier en question, à savoir des zones de protection «Habitats» et «Oiseaux» Natura 2000. Ainsi une évaluation des incidences sur les habitats faune et flore et plusieurs études d’audit de sécurité ont été réalisées dans le temps. |