Minister Bausch reagéiert a versprécht Besserung
Mat engem op dem sozialen Netzwierk geposte Video vun enger Faart iwwert d'N10 huet d'Gaby Ewrard-Hetto déi Strooss nees zum Thema gemaach.
Wat e Video mat Fotoen awer net alles bewierke kann? Am Laf vun der Woch huet sech d'Gaby Ewrard-Hettovia op Facebook iwwert den desolaten Zoustand vun der Strooss tëscht Maarnech an Dosbuerg am Ourdall opgereegt an hat dat och mat explizitte Fotoe vum Belag an engem Video illustréiert. Si wier elo scho sou wäit, datt se all Dag en Ëmwee vun e puer Kilometer géif fueren, fir hiren Auto net futtizemaachen, esou schlëmm wier et, fir op där Plaz iwwert de futtisse Belag mat de Lächer ze fueren.
De Bäitrag gouf vill gelies an e puer honnert Mol gedeelt, woumat d'Leit och dem Opruff vun der Autorin nokomm sinn, well déi hat ënnert anerem geschriwwen:
DEELEN , DEELEN , DEELEN !!!!! Fannt dir daat heiten Normal ???? All Daag muss ech ( an nach vill aner Leit ) des Streck fuere fir schaffe ze fuere .... an daat muss ech mir undoen well ech wei gesoot schaffe gin . Mettlerweil fuere ech eng alternativ Streck fir mir main privaten Eegentum ( deen ech leider muss hun , wei gesoot fir schaffe ze goen ) net futti ze man . Sou fuere ech all Daag een Emwee vun 4 km dohin an 4 km fir heem ( insgesamt 8 km , 6 Deeg pro Woch ) nemme fir main Auto net futti ze man ....
E Samschdeg hat RTL d'Story och opgegraff an och den Transportminister war drop opmierksam ginn. De François Bausch huet dann och direkt reagéiert. De Minister huet zouginn, datt den Zoustand vun der N10 net normal wär an huet versprach, datt elo eppes op där Strooss wäert passéieren.
Et ass iwwregens net fir d'éischt, datt den Zoustand vun der N10 thematiséiert gëtt. Dem DP-Deputéierten André Bauler no hätt d'Streck scho sollen 2016 frësch gemaach ginn. Hien wollt zejoert scho vum Minister an enger parlamentarescher Fro wëssen, firwat dat net geschitt ass, an huet scho vun engem miserabelen a geféierlechen Zoustand vun der Strooss geschwat.
De François Bausch hat virun engem Joer geäntwert, et hätten 2016 missen zousätzlech Etüde gemaach ginn, well deen éischten Tracé wéinst dem ze groussen Impakt vun den Terassementsaarbechten net de Feu vert vum Environnement kritt hat. Dowéinst sollt no engem Konsens tëscht dem Sécherheetsaspekt an der Ëmwelt gesicht ginn.
Déi nei Etüde waren Enn Februar nach net fäerdeg. Ob se dat haut sinn, huet de Minister a senger kuerzer Äntwert op de Video net präziséiert. Aus der Äntwert zejoert ass awer ervirgaang, datt de Chantier 200 Deeg dauere géif.
PDF: Parlamentaresch Fro vum André Bauler vum 19. Mäerz 2018

Hei dat offiziellt Schreiwes:
Un projet en cours pour le réaménagement de la route nationale N10 sur le tronçon entre Dasbourg et Marnach (20.03.2018) | |
| |
Il est indéniable que le tronçon de route entre Dasbourg et Marnach (N10) se trouve dans un mauvais état et c’est pour cette raison que son redressement avait été programmé depuis plusieurs années. Or, le redressement en question s’est heurté à plusieurs reprises aux conflits subsistants entre les critères de la sécurité routière devant être respectés lors du réaménagement et les restrictions causées par le statut de la zone dans laquelle se situe le tronçon routier en question, à savoir des zones de protection «Habitats» et «Oiseaux» Natura 2000. Ainsi une évaluation des incidences sur les habitats faune et flore et plusieurs études d’audit de sécurité ont été réalisées dans le temps. |