Eleng 3.043 Nuetsvollen zu Lëtzebuerg am Joer 2024

© Ken Yam/Unsplash
D'Nuetsvollen an de Kaméidi ronderëm de Findel sinn e Sujet, dee vill Leit beschäftegt. Wéi vill Nuetsvolle ginn et pro Joer zu Lëtzebuerg?
Mat 3.043 Nuetsvollen am Joer 2024 sinn dat der 490 méi wéi nach 2023, wou et der 2.553 waren.
All d'Fligeren, déi tëscht 23.01 Auer a 5.59 Auer Moies um Findel landen oder starten, ginn als Nuetsvolle consideréiert. U sech gëllt an där Zäit zu Lëtzebuerg eng "Ausgangsspär" fir Fligeren, si dierfen also net esou wéi se wëlle starten oder landen. Ausname sinn am Gesetz awer virgesinn.
D'Hausse iwwert déi lescht Jore kann op dräi Facteuren zréckzeféiere sinn: Eng allgemeng Hausse vum Fluchtrafic, ëmmer erëm Delaien duerch technesch an operationell Problemer an natierlech d'Wiederkonditiounen.
84.000 Leit si vum Kaméidi iwwer 45 Dezibel nuets an der Afluchschneis betraff, dat erginn d'Zuele vun der Ëmweltverwaltung. Aidë sinn en place gesat ginn, fir 2.635 ausgewielten Adressen. Eng vun de Konditiounen ass awer, de Konstruktiounskontrakt muss virun 1986 erstallt gi sinn.
Méi wéi 5 Millioune Passagéier sinn 2024 iwwert de Findel gereest. Sou vill wéi nach ni virdrun.