Déi Grenz gouf bis ewell nach net iwwerschratt. E Freideg géint Mëtteg war d'Zuel vu 5 Millioune Passagéier erreecht.

En ass vu Bari aus um Luxairport gelant. Hie gouf mat Kaddoe begréisst. De Fluchhafenoperateur hat fir dee Rekord eng Rei Festivitéiten um Findel organiséiert. Den Direkter vu Luxairport schwätzt an engem Communiqué vun engem historesche Meilesteen.

An de leschten 10 Joer huet sech d’Zuel vun de Passagéier verduebelt. Dofir gëtt de Fluchhafen ausgebaut, hat am September de Luxairport-Generaldirekter Alexander Flassak am RTL-Interview gesot.
D’nächst Joer geet de Sky Park Business Center op, dat neit Gebai nieft dem Terminal. Aktivitéite ginn dohinner verlagert.

Vum Findel aus kann een direkt op 120 Destinatioune fléien.