84.000 Leit an der Afluchschneis si vum Kaméidi nuets betraff
Fligeren, déi no 23 Auer landen oder starten - eng Ausnam oder schonn d'Reegel um Findel?
Offiziell ass de Fluchhafen zu Lëtzebuerg tëscht 23 a 6 Auer zou. Dat aktuellt Gesetz erlaabt awer Fligeren, déi wärend den Ëffnungszäite geplangt a Verspéidung kritt hunn, och ausserhalb deenen Zäiten ze landen oder ze starten.
Am Joer 2023 sinn 2.553 Nuetsvollen dokumentéiert ginn, sou vill wéi nach ni virdrun. D’Zuele sinn ëffentlech a sou kann een d’Rekordzuele vum leschte Joer mat deene vun 2024 vergläichen. Kuckt ee sech d'Zuele vun den éischte Méint vun dësem Joer un, gëtt och 2024 aller Warscheinlechkeet no nees ee Rekordjoer.

Et géing een d’Situatioun am A behalen, seet d’Ëmweltverwaltung. Et wieren Ausnamen, déi virun allem mat de Streiker vu Fluchlotsen d’lescht Joer ze dinn hätten, seet d’Luxair. Wat den Transportministère, d’Administration de la navigation aérienne an d’Cargolux zur Situatioun ronderëm d’Nuetsflich soen, hätte mir gär gewosst, en Interview ass ugefrot awer net accordéiert ginn.

© www.geoportail.lu
Op de Kaméidiskaarte vun der Ëmweltverwaltung kann ee genee gesinn, wéi eng Géigenden an der Afluchschneis vum Kaméidi betraff sinn a wéi d’Belaaschtung ass. Verschidde Kaarten erméiglechen d’Visualisatioun fir nuets oder am Dag. D’lescht Joer sinn op 10 verschiddene Plazen an der Afluchschneis reell Moossunge gemaach ginn. Wéi op Geoportail ze fannen ass, hu follgend Dezibel-Wäerter (Lden) erginn: 65 Lden zu Hamm, 62,2 Lden zu Bouneweg, 61,3 Lden zu Gaasperech, 56,4 Lden um Cents a 56,5 zu Roodt-Syr.
Mir hunn eis eng Aschätzung vun der Kaméidisbelaaschtung beim Prof. Dr. Thomas Münzel ageholl. De pensionéierte Kardiolog a fréiere medezineschen Direkter vun der Uniklinik Mainz huet Ufank den 2000er mat enger sougenannter "Lärm-Wirkungs-Forschung" ugefaangen. Hie wollt erausfannen, wat de Kaméidi fir en Impakt op den Häerzkreeslaf-System huet.
"Die WHO sagt, aufgrund der bisher publizierten Daten, dass ab 55 Dezibel Lden mit einer signifikanten Entwicklung von Krankheiten gerechnet werden muss, ob das jetzt psyschische Erkrankungen sind oder Herzkreislauferkrankungen. Das ist jetzt die Grenze, wo die WHO schaut, liegt man drüber oder drunter. Also wenn Sie mir von Werten berichten, die über 60 oder 65 liegen, muss ich sagen, drastisch zu hoch. Das sind dann ernorme höhere Belastungen, von deenen man sicher davon ausgehen kann, dass man mit Krankheiten rechnen muss", seet de Prof. Dr. Münzel.
Zemools de Kaméidi nuets hätt e grousse gesondheetlechen Impakt a géing am Kierper Stressreaktiounen ausléisen. De Prof. Dr. Münzel plädéiert fir eng strikt Nuetsrou, wéi se zum Beispill um Flughafe Frankfurt am Main de Fall ass, mee idealerweis tëschent 22 a 6 Auer. Wier dëst net méiglech, missten senger Meenung no d’Fluchgesellschafte Geldstrofe bezuele, wa se Verspéidung hätten, a mat de Sue kéinte Projete realiséiert ginn, fir d’Awunner virum Kaméidi ze schützen.
Geldstrofe mussen d’Fluchgesellschaften um Findel keng bezuelen, wa se tëscht 23 a 6 Auer starten oder landen, mä et gëllt fir déi Auerzäit eng méi eng héich Tax. Vun 23 Auer un ass et 1,5 Mol d'Dagestax an no Hallefnuecht kascht d'Starten oder d'Landen dat duebelt.* An Europa ginn et keng eenheetlech Reegelen, wat d’Ëffnungszäite vun de Flughäfen ugeet. Verschiddener sinn och 24 Stonnen op fir de Fluchverkéier.
"Wir haben natürlich grosse Gegner, hier gehts um Milliardenprojekte, und da kommt jetzt ein Kardiologe aus Mainz und der versucht deenen in die Suppe zu spucken. Also es ist extrem schwer mit diesen Botschaften, in der Öffentlichkeit Anerkennung zu bekommen. Oder zu hoffen, dass die Politik hingeht und diese Ergebnisse aufgreift und dann auch Gesetze macht, die uns vor den Folgen von Lärm schützen. Also das ist immer noch meine Hoffnung", sou nach de Prof. Dr. Thomas Münzel.
Hautdesdaags starten a landen um Findel tëscht 230 bis 280 Fligeren den Dag. D’Kapazitéit, wier LuxAirport no, awer nach vill méi grouss, bis zu 16 Landungen a 16 Starte pro Stonn wiere méiglech. Dat heescht quasi all 2 Minutten.
84.000 Dausend Leit si vum Kaméidi iwwer 45 Dezibel nuets an der Afluchschneis betraff, dat erginn d'Zuele vun der Ëmweltverwaltung. Aidë sinn en place gesat ginn, fir 2.635 ausgewielten Adressen. Eng vun de Konditiounen ass awer, de Konstruktiounskontrakt muss virun 1986 erstallt gi sinn. Bis elo sinn 19 Dossieren agereecht ginn.
Dass et technesch méiglech ass ouni Nuetsvollen, beweist de Chantier op der Start- a Landebunn an de Joren 2021 an 2022.
Ob d’Liewensqualitéit an der Afluchschneis sech déi nächst Jore verbessert oder verschlechtert, läit an der Hand vun der Regierung. Déi och 39% vun de Parte bei Luxair an 8% bei Cargolux huet.
*An der éischter Versioun vum Artikel war net präziséiert, datt an der Nuecht um Findel eng méi héich Tax gëllt.