2 Prozent

1,4 Milliarden, sou vill Suen investéiert Lëtzebuerg pro Joer vun 2030 un an de Militärbudget.
Dat ass carrement méi wéi duebel sou vill Geld wéi haut. Ouni datt dat bis elo fir gréisser Onrou suergt. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
An dat läit natierlech un der russescher Invasioun vun der Ukrain de 24. Februar virun zwee Joer. Stéchwuert "Zeitenwende". Wa sech op eemol e Krich virun der eegener Hausdier ofspillt, da musse sech souguer Leit, déi traditionell éischter pazifistesch agestallt sinn, zougestoen, datt hiert Land an hir Arméien besser hätten fir den Eeschtfall preparéiert ze sinn.
Ma d’Progressioun am Lëtzebuerger Militärbudget ass duerchaus awer enorm. Virun allem wa mer e bëssche kucken, wou vu mer kommen. Viru grad mol zéng Joer krut déi kleng Lëtzebuerger Arméi net méi wéi 190 Milliounen Euro vum Staat. D’nächst Joer sinn et der 4 mol sou vill mat 780 Milliounen. Fir dann vun 2030 un op 1,4 Milliarden ze klammen.
D’Trajectoire war scho vun der viregter Regierung virginn. Schonn de grénge François Bausch hat sech géintiwwer den Natopartner dozou engagéiert, fir de Militärbudget substantiell ze héijen, fir méi no un eis Natoverflichtungen erunzekommen. Elo geet Schwaarz-Blo nach e Schratt méi wäit a méi séier. D'Hëllef fir d'Ukrain kritt donieft eng ganz separat Kreditlinn am Budget, ouni Limitt no uewen.
Ob d’Fro wéi deen zousätzlechen Effort da finanzéiert soll ginn, sot d’Yuriko Backes gëschter näischt. Just datt Lëtzebuerg e solidaresche Partner misst ginn an duerfir misst een dat eben finanzéieren, well mir eis dozou engagéiert hätten. Am Finanzministère huet jo antëscht effektiv een aneren d’Soen. A mir hunn och net wierklech e Choix. Besonnesch virum Hannergrond vun engem méigleche Retour vum Donald Trump an d’Wäiss Haus. Mä dat heescht awer net, datt een net och eng Rechenschaftsflicht géintiwwer de Wieler a Wielerinnen huet.
Wa Lëtzebuerg elo vun 2030 all Joer 1,4 Milliarden Euro an d’Defense investéiere soll zum Beispill an e Loftofwiersystem, da sief d’Fro awer erlaabt, wou een déi Militärdepensen siche geet? A virun allem a wéi engem anere Politikfeld, de Fall gesat, gespuert muss ginn? D’Regierung setzt jo bekanntlech op de Wirtschaftswuesstem, fir hir zousätzlech Ausgaben ze finanzéieren, mä dat ass eng Wett mat ongewëssem Ausgang.
A wann dann d’Gefor vum Krich net méi als sou imminent empfonnt gëtt an och nach sollt haart driwwer nogeduecht ginn, fir méi Jonker fir d’Arméi ze rekrutéieren. Well wat mécht schonn eng Arméi mat all deem Geschier wa se keng Zaldoten huet?!? Stéchwuert Militärdéngscht. Da wier d’Yuriko Backes gutt beroden, hir Transparenz, déi se dës Woch affichéiert huet, bäizebehalen. An an aller Transparenz ze weisen, datt déi vill Suen iwwerluecht a gutt investéiert sinn an am beschten och nach eng Plus-Value fir d’Land bréngen.
Nëmme sou ka garantéiert ginn, datt déi éischter positiv Haltung géintiwwer der Arméi och op Dauer Bestand huet. Well loosse mer eis näischt virmaachen. Et kann ee sech jo net virstellen, datt eise Militäreffort sou bal nees zeréckgefuer gëtt.