
D'Gewalt géint Fraen a Meedercher steet vum 25. November bis den 10. Dezember nees weltwäit am Mëttelpunkt vun Aktiounen a Sensibiliséierungscampagnen. Ëffentlech Gebaier a Plaze ginn orange beliicht, fir een Zeeche géint Gewalt ze setzen. Am Grand-Duché gëtt et d'Orange Week zanter 2017. An deenen néng Joer goufen et wuel Fortschrëtter bei der Betreiung a beim Schutz vun den Affer vu Gewalt, mee et ginn nach vill Schwaachstellen am System, mengt d'Marlène Clement an engem Commentaire.
Besonnesch beim Schutz vun Affer vun haislecher Gewalt hapert et nach. Bal 1.300 Mol war d'Police zejoert wéinst esou Fäll am Asaz – eng Zuel, déi an de leschte Jore konstant an d'Luucht gaangen ass. Elleng op ee Joer gekuckt ëm 10 Prozent. Bei den Expulsioune wéinst Gewalt am Stot ass et eng Hausse vun iwwer 16 Prozent.
Déi Hausse léisst sech natierlech och doduerch erklären, datt méi sensibiliséiert gëtt, et méi Ulafstelle ginn an d'Bevëlkerung wiisst, ma dat ännert awer näischt dorunner, datt all Fall vun haislecher Gewalt ee Fall ze vill ass.
D'Zuelen aus dem leschte Rapport iwwer d'Gewalt zu Lëtzebuerg schwätze fir sech. Bei der Gewalt am Stot sinn d'Täter meeschtens Männer, d'Affer gréisstendeels Fraen. Bei den Expulsioune waren et an 88 Prozent vun de Fäll Männer déi aus der gemeinsamer Wunneng verwise gi sinn.
Eng Wegweisung ass awer keng dauerhaft Léisung, fir aus der Gewaltspiral erauszekommen. Den Täter muss d'Wunneng fir maximal zwou Wochen verloossen a sech vum Affer ewechhalen. An där Zäit soll den Täter sech och beim Service Riicht eraus mellen, fir sech mat sengem gewalttätege Verhalen auserneenzesetzen. Ma nach laang net jidderee mécht dat.
Besonnesch beonrouegend sinn d'Zuele vun Widderhuelungstäter. D'lescht Joer goufen 72 Recidivë registréiert. A 55 Prozent vun dësen Dossieren ass d'Obligatioun, sech beim Service vun der Croix Rouge ze mellen, net respektéiert ginn. Eng Expulsioun eleng ännert eeben nach kee Verhalen. Ëmsou méi wichteg ass an deem Fall de Schutz an den Encadrement vun den Affer.
A kuerzer Zäit sech en neit Liewen opbauen, eng nei Wunneng fannen, ëmmer mat der Angscht am Hannerkapp nees op den Täter ze treffen. Fir vill Betraffener ass de Wee aus der Gewaltspiral alles anescht wéi einfach.
D'Plazen an de Fraenhaiser gi bei wäitem net duer. D'Waardelëschte si laang. Landeswäit ginn et siwe Fraenhaiser mat am Ganzen 166 Better. Der zoustänneger Ministesch Yuriko Backes no waarden aktuell eng 60 Fraen, deels mat Kanner, op eng Plaz. Bis Enn des Joers soll zu Rëmeleng e weidert Fraenhaus mat 28 Better dobäikommen. Mä och da geet d'Rechnung net op.
A wéi geet et duerno weider? Eng Plaz am Fraenhaus ass a bleift just eng Noutléisung. Mat der Logementskris riskéiert déi awer zu engem permanente Wunnsëtz ze ginn. Wéi also sech aus enger toxescher Relatioun léisen, wann laangfristeg keng Perspektive gebuede ginn?
D'Orange Week steet fir eng Zukunft ouni Gewalt géint Fraen. Fir datt dat och geléngt sollen d'Affer vu Gewalt net nëmme kuerzfristeg aus enger gewalttäteger Situatioun erausgeholl ginn, ma och laangfristeg ee Kader gebuede kréien, fir a Sécherheet weiderzeliewen.
En Donneschdeg fänkt also d’Orange Week am Grand-Duché un a mir beschäftegen eis och déi nächst Deeg nach intensiv mat deem Thema. Esou och an der Emissioun Studio 2 op der Tëlee en Donneschden Owend.