Commentaire vum Fanny KinschDrogepolitik: wou bleift d’Präventioun?

Fanny Kinsch
D’Regierung huet dës Woch an den zoustännege Chamberkommissioune Bilan vun hirer Drogepolitik gezunn. Virun allem den Inneminister war zefridde mat senger Aarbecht, d’LSAP an der Oppositioun huet vun ze vill Repressioun an net genuch Präventioun geschwat. A sengem Commentaire stellt d’Fanny Kinsch d’Fro, ob ee beim Drogendësch 2.0 iwwerhaapt vu Präventioun schwätze kann.
© RTL

Ënner Präventioun misst ee verstoen: verhënneren, dass Leit drogenofhängeg ginn. Wann ee sech déi aktuell Drogepolitik ukuckt, gesäit een awer, dass fir d’Regierung Präventioun heescht: verhënneren, dass d’Ëffentlechkeet duerch Drogenhandel an Drogekonsum gestéiert gëtt.

Commentaire vum Fanny Kinsch

75 Prozent vun de Moossname bei der Police konnten ëmgesat ginn – dorënner d’Aktivéiere vun enger Drogendësch-E-mailsadress, firwat och ëmmer déi gebraucht gëtt oder een dat néideg fonnt huet, als Mesure opzelëschten. D'Mesuren hätte Succès, d'Kriminalitéit an der Haaptstad wier ëm 15 Prozent zréckgaangen. Bei der Santé just 17 Prozent Ëmsetzung, wéi d’LSAP kritiséiert. Dat géing weisen, dass d’Repressioun méi wichteg wier wéi d’Präventioun. Ma geet et hei iwwerhaapt ëm Präventioun?

Bei de Mesurë vun de Gesondheets- a Familljeministèrë geet et virun allem drëm, bestëmmte Fäll vu suchtkranke Persounen z’encadréieren. Dat ass sécher ganz wichteg, gehéiert ausgebaut a gouf ze laang vernoléissegt. Et ass ze begréissen, dass op d’mannst en Deel vun der Dezentraliséierung konnt ëmgesat ginn, notamment mam Drogekonsumraum fir Fraen. Net akzeptabel ass, dass beim Housing First – eng effikass Approche, fir de Leit d’éischt emol en Daach iwwert dem Kapp ze ginn – d’Gemengen dem Familljeminister no gréisstendeels net matmaache wëllen.

Dat ass awer net Präventioun, mee Reaktioun. Präventioun heescht, erausfannen, firwat d’Leit suchtkrank ginn an agéieren, iert et ze spéit ass. Beim éischten Drogendësch ënnert der viregter Regierung war den Educatiounsminister nach bedeelegt, dee spillt mëttlerweil keng Roll méi. Wéineg iwwerraschend ginn déi diskret Versich duerch Dekriminaliséierung voire Legaliséierung géint d’Drogekriminalitéit virzegoen – wat an anere Länner duerchaus Succès hat – ënnert der CSV-DP-Leedung net weider gefouert.

Interessant ass och, wat d’aktuell Regierung bei de Police-Mesuren als präventiv ugesäit. Esou wuel den Ausbau vun der Kameraiwwerwaachung, wéi d’automatescht Erkennen vun Autosplacken ginn als "präventiv a repressiv" opgelëscht. Dës Mesure sinn net präventiv, et ass den Ausbau vun der Iwwerwaachung am ëffentleche Raum, deen an d’Rechter vu jidderengem agräift. Dat wuel mat der Hoffnung, vun där warscheinlech d’Kategoriséieren als "präventiv" kënnt, dass Leit kéinten dovunner ofgeschreckt ginn, op d’mannst op verschiddene Plaze kriminell aktiv ze ginn. D’Kameraiwwerwaachung erlaabt et an deene meeschte Fäll awer just nodréiglech Informatiounen ze sammelen. D’Pläng fir d’automatescht Erkenne vu Placken hunn dofir gesuergt, dass ee sech beim Staatsrot d’Hänn iwwert dem Kapp zesumme geschloen huet.

Wann een den Tëschebilan vum Drogendësch 2.0 kuckt, kann ee sécherlech zur Conclusioun kommen, dass d’Regierung d’Prioritéit op d’Repressioun setzt. D’LSAP, déi dat kritiséiert, kéint sech awer och froen, firwat si d’Cannabis-Legaliséierung net ëmgesat krut, firwat méi wéi een LSAP-Gesondheetsminister a Portugal gereest ass, fir sech unzekucken, wéi d’Dekriminaliséierung do funktionéiert, ouni selwer eppes ze proposéieren, a firwat ënner successiven LSAP-Gesondheetsministeren net méi an d’Santé sociale investéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO