Mat deem klenge Saz hat de Premier haut u sech alles gesot. Jo, d'Regierung schwätzt mat de Sozialpartner, mee gehandelt gëtt vum Ministerrot an decidéiert gëtt an der Chamber.

Basta. Op anere Punkte war de Luc Frieden haut manner kloer, mee en Etat de la Nation zeechent jo och just den Ist-Zoustand a soll de Bierger e Kompass ginn, wou et higeet - an dat wësse mer lo "ongeféier", fënnt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.

Tëscheruff vum Roy Grotz

Nodeems Lëtzebuerg huet missten an der Regierungsdeklaratioun am November 2023 "fir d'Zukunft gestäerkt ginn", dunn am Etat zejoert sollt "einfach, besser, modern" ginn, geet d'Regierung lo an "d'Fortschrëtts- a Stabilitéits-Phas" iwwer - op d'mannst wann een den Titele vun de Riede ka gleewen - mee déi sinn jo bekanntlech gedëlleg.
 
Eppes muss een dem Luc Frieden loossen: hien huet de Message vum 1. Mee héieren a wëll duerch d'mantraméissegt Widderhuele vum Schlagwuert Dialog Rou an de Sozialkonflikt bréngen, deen d'Dëppen zum Kache bréngt - op dat awer wierklech sou gedamer bei de Syndikater opgeholl gëtt, wäerte mer gewuer ginn, well absënns d'Annonce, datt progressiv wäert musse méi laang geschafft ginn, éier et an de Pensiouns-Dolce Farniente geet, wäert zu Reaktioune beim Tandem Dury-Back féieren.

Et war eng zolidd gezammert Ried, an där den Administrateur Frieden sech net laang mat prosaesche Vergläicher oder soss Wuertspillereien opgehalen huet, mee wou hien der Chamber wollt kloer maachen, datt Lëtzebuerg muss d'Äerm eropstrëppen, fir datt den Zuch net ouni eis weiderfiert - Stéchwierder: Progrès duerch Ännerung, AI Hub, massiven Invest an d'Defense, Ausbau vun erneierbaren Energien mat de Leit an e steierlech attraktive Kader.
 
De Premier ass net midd ginn ze betounen, datt dës Regierung liwwert - ech denken, datt mécht all Regierung, et hänkt dervun of, fir wien dës Liwwerunge sinn an op Käschte vu wat se ginn - Land a Leit via d'Chamber wäerte ganz genee suivéieren, ob d'geblimmelt Wierder och an d'Realitéit ëmgesat ginn an d'Sätz net verpuffen wéi Loftschlässer.

Trei de Wierder, net vum neie Poopst, mee dem neie Luc "Mir si Meeschter vun eisem Schicksal" - genee sou wéi d'DP-CSV-Ministeren hiert d'Schicksal an d'Hand vun de Wieler leeën an do wäert sech eminent vill an de Steier- a Pensiouns-Decisioune grad wéi dem Aarbechtsrecht an de Mesurë géint de Klimawandel spillen.

Um Enn vu sengem Discours war de Luc Frieden dunn awer vum Leo dem 14. inspiréiert, wéi hie Fridden, Fräiheet a Gerechtegkeet agefuerdert huet - d'Caritas - also d'Nächsteléift huet an där Opzielung gefeelt.