Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzeschécken, déi si gäre vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpréift hätten.

Vun de villen Ufroen, déi mer kruten, hu mer eis an enger éischter Linn dofir decidéiert, ze probéieren, Sujeten, déi op de Grand-Duché bezu sinn, nozegoen. Eng vun den Ufroen huet sech mat der Schueberfouer beschäftegt:

"Gëtt et all Joer 2 Millioune Visiteuren op der Schueberfouer, egal wéi laang se ass?!"

Wie gëtt déi Zuelen eraus?

Fir de genannte Chiffer erauszefannen, hu mer bei der Police an dem CGDIS, déi jo béid op der Schueberfouer aktiv sinn, nogefrot. Vun der Police heescht et, datt si zwar fir verschidde Manifestatiounen am Land Zuele publizéieren, dat awer éischter bei gréisseren Demonstratiounen, wou si schonn am Virfeld eng Aschätzung vun den Organisateure respektiv vun de Gemengenautoritéiten iwwer d'Zuele vun de Participanteë kréien. Fir d'Schueberfouer ass dat net de Fall. Eng änlech Reaktioun koum och vum CGDIS. Si géife keng Aschätzunge bei esou Evenementer maachen, heescht et vun do. Si hunn eis nach un d'Stad Lëtzebuerg verwisen.

Och vun der Luxembourg Confederation, also déi d'Interessie vun de Foraine vertrëtt, kënne keng Zuelen zu der Fouer genannt ginn. Déi Fro passt net an de Ressort vun der Federatioun, heescht et. Och d'Federatioun huet eis un d'VDL verwisen.

Op Nofro bei der Stad Lëtzebuerg huet et geheescht, datt een op eis géif zeréckkommen an dat am zoustännege Ressort nofroen. Bis ewell (2.4.2025, 10 Auer) krute mir leider nach keng konkreet Réckmeldung.

Gëtt iwwerhaapt vun zwou Millioune Visiteure geschwat?

Wann een nom Bilan vun der Schueberfouer online sicht, taucht ëmmer nees eng Zuel op: "Zwou Millioune Visiteuren". Dat esouwuel um offizielle Site vum Grand-Duché "Luxembourg.lu" (hei an hei), an der Press (hei, hei, hei an hei) an op Wikipedia, wou déi selwecht Zuel vu Visiteure scho fir 2010 (hei) an 2024 ugi gëtt (hei). Bei Wikipedia ass dann esouguer ze liesen, datt et sech bei den zwou Millioune Visiteuren ëm en "Duerchschnëtt handelt" an an der Press fënnt een déi Zuel als "Aschätzung vun den Organisateuren" schonn zanter Joren.

Fazit: Sinn et wierklech zwou Millioune Visiteuren? - D'Fro bleift op!

Wéi et op ville Plazen ze liesen ass an och vun aneren Acteuren, déi wärend de Fouerwochen um Glacis aktiv sinn, ze héieren ass, ass déi Zuel vun zwou Milliounen eng Aschätzung vum Organisateur. Ouni déi konkreet Erklärungen aus der Stater Märei bleift déi Fro da weider op. Sollt RTL dës awer nach nom Publizéiere vun dësem Artikel matgedeelt kréien, wäerte mer d'Äntwert natierlech am Detail noreechen.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: faktencheck@rtl.lu