Nei Attraktiounen, personaliséiert Fouer-App an Ofschloss
Op der Fouer ass nees fir all Goût a Portemonni eppes dobäi. En Dënschdeg goufen net nëmmen déi nei Attraktiounen presentéiert, ma och wou wat hikënnt.
Et ass e Freideg ewell déi 676. Editioun vun der Stater Kiermes, op där d'Bändchen pénktlech um 17.00 Auer duerchgeschnidde gëtt.
20 Deeg dréinen d'Spiller dann an d'Iess-Stänn waarden op Clienten, an där ginn et bis zu zwou Milliounen, déi bis op de Glacis kommen. All Wochen-Dag a Sonndes ass d'Fouer tëscht Moies 11.00 an Nuets 01.00 Auer op – op Freideger a Samschdeger ass Fräi Nuecht bis 02.00 Auer.
Alles an allem ginn et 190 Spiller, Lunaparken, Buvetten, Confiserien, Karusseller an Iess-Stänn, grad wéi 90 kleng Verkafsstänn an der Scheffer-Allée.
Crazy Outback: Carnival Ride
Nei Attraktiounen hunn esou uspriechend Nimm wéi Hangover, Thriller, Crazy Outback a Mille Pattes – et kann ee sech scho virstellen a wéi eng Direktioun an Héicht een dobäi katapultéiert gëtt.
Die Große Geisterbahn
Fir sech um Glacis z'orientéieren, gëtt et och eng personaliséiert Fouer-App an natierlech de Fouer-Internetsite.
No 20 Deeg Amusement, gebake Fësch, Spaass an engem méi liichte Portemonni geet d'Fouer den 7. September da mat engem Freedefeier op der Rouder Bréck op en Enn.