
An der Serie vun de fräie politesche Gespréicher déi vun der Regierung op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert dir haut Vertrieder vu FOKUS an DP.
Dat éischt Gespréich ass fir de FOKUS reservéiert, dat zweet fir d‘DP.
An der Emissioun vu FOKUS schwätzt den Här Marc RUPPERT an de Sujet ass: „Et war net keen – 25 Joer verpassten Chancen“.
An der Emissioun vun der DP schwätzt den Deputéierte Patrick GOLDSCHMIT haut iwwer déi geplangte Reform vun de Steierklassen zu Lëtzebuerg. E Projet, deen eise Steiersystem moderniséiert an der Manéier entsprécht, wéi d’Leit haut zu Lëtzebuerg zesummeliewen.