
Dat éischt Gespréich ass fir Fokus reservéiert, dat zweet fir d'DP.
An der Emissioun vu FOKUS schwätzt d’Madamm Chantal HOMMEL-FABER. De Sujet ass: „Fokus fuerdert eng Zukunftskommissioun, well d´Politik dierf net nëmme bis déi nächst Walen denken“.
An der Emissioun vun der DP schwätzt de Claude LAMBERTY haut iwwer déi rezent Verlängerung vun den Energiemesurë vun der Regierung, déi d’Kafkraaft vun de Leit stäerken. Den éischte Schäffe vun Hesper ënnersträicht awer virun allem d’Schlësselroll, déi bezuelbaren an nohaltege Stroum fir d’Zukunft vum Land spillt. De Sujet ass: „Klimaziler als Kompass, Kafkraaft als Prioritéit. “