Fräi politesch Tribün vum 26. Oktober 2026CSV & ADR

RTL Lëtzebuerg
An der Serie vun de fräie politesche Gespréicher déi vun der Regierung op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert dir haut Vertrieder vun der CSV an der ADR.
© Grafik RTL

Dat éischt Gespréich ass fir d'CSV reservéiert, dat zweet fir d'ADR.

D’Emissioun vun der CSV steet ënnert dem Tittel: " Manner Steieren, Méi Netto vum Brutto. " Dës Woch gëtt déi grouss Steierreform vum Finanzminister Gilles ROTH an der Chamber gestëmmt. Am Viirfeld vun deem Vott hunn d’Rapportrice vum Gesetz d’Diane ADEHM an de Michel WOLTER an engem Podcast déi grouss Reform erkläert an op Kriticke reagéiert. De Frank KUFFER resuméiert an der Fräier Tribün d’Aussoe vun den zwee CSV-Deputéierten.

Tribune libre CSV Diane Adehm, Frank Kuffer a Michel Wolter

An der Emissioun vun der ADR schwätzt den Här Michel LEMAIRE, ADR Nord-Deputéierten – President Bezierk Norden. De Sujet ass: „De ländleche Raum net vergiessen."

Tribune libre ADR Michel Lemaire

Back to Top
CIM LOGO