
An der Serie vun de fräie politesche Gespréicher déi vun der Regierung op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert dir haut Vertrieder vun der LSAP an Déi Gréng.
Dat éischt Gespréich ass fir d‘LSAP reservéiert, dat zweet fir Déi Gréng.
An der Emissioun vun der LSAP schwätzten d’Fraktiounspresidentin d’Madamm Taina BOFFERDING an de Partei-Generalsekretär den Här Sascha PULLI zum Thema: “Sozialen Uschass. D’Regierung hält eis fir domm, a verkeeft hir miserabel Sozialpolitik als soziale Fortschrëtt”.
An der Emissioun vun déi gréng schwätzt d’Madamm Jessie THILL iwwert Thema „Wéi bleift eis Energie dauerhaft bezuelbar?“.