
Dat éischt Gespréich ass fir d‘LSAP reservéiert, dat zweet fir déi Lénk.
An der Emissioun vun der LSAP schwätzen den Här Max MOLITOR, Vize-President vun der LSAP an den Här Franz FAYOT, Deputéierten. De Sujet ass: “Den Apel fir den Duuscht läit um Kompost? Kee Wuesstem, Staatsfinanzen, déi definitiv net méi am Equiliber sinn, an awer geet et weider mat de Steiercadeaue, och fir déi, déi et am Fong net brauchen. D’Facture bezuele mer alleguer, well esou bleift net méi vill iwwreg fir d’Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun an dem Klimawiessel...“
An der Emissioun vun déi Lénk schwätzen d’Madamm Jacquie LINDEN an den Här Luca WARISSE vun déi jonk Lénk. De Sujet ass: “Kee vun eis ass fräi, bis jidderee fräi ass: Nee zum Pinkwashing”.