
An der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert Dir haut Vertrieder vun ADR an CSV.
Dat éischt Gespréich ass fir d‘ADR reservéiert, dat zweet fir d‘CSV.
An der Emissioun vun der ADR schwätzt den Här Laurent GALLINARO, President vun der Sektioun WalferSteesel. De Sujet ass: „Toleranz erëm erliewen an enger Welt déi se vergiess huet“.
An der Emissioun vun der CSV schwätzen d’CSV Deputéiert Françoise KEMP an den Här Frank KUFFER, zum Thema: „D‘Pensiounsreform“.