
An der Serie vun de fräie Gespréicher déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert Dir haut Vertrieder vun de Piraten an LSAP.
Dat éischt Gespréich ass fir d‘Piraten reservéiert, dat zweet fir d‘LSAP.
An der Emissioun vun de Piraten schwätzen den Här Claude LEGRAND an den Här Joel KRACK zum Thema vun der Indexéierung vu kommerzielle Loyeren.
An der Emissioun vun der LSAP schwätzen d’Vizepresidentin Madamm Maxime MILTGEN an de Generalsekretär vun de Jusoen, den Här Maurice SCHWARZ. De Sujet ass: „Eng Welt fir Fraen a Männer“.