Mainz1. Januar ass Ufank vun der "Fastnachstkampagne 2026"

RTL Lëtzebuerg
Héichpunkt ass natierlech de Mainzer Rosenmontagszug de 16. Februar.
© ANDREAS ARNOLD/dpa Picture-Alliance via AFP

Zu Mainz gëtt och den 1. Januar gefeiert an zwar den Ufank vun der Fastnachstkampagne 2026. Eng 1.200 Leit hunn den Donneschdeg de Moien um 11 Auer 11 déi fënnefte Joreszäit agelaut. Derbäi koume ronn 3.000 Leit, déi sech de Spektakel ugekuckt hunn.

D‘Kampagne geet den 18. Februar op Äschermëttwoch op en Enn. Héichpunkt ass natierlech de Mainzer Rosenmontagszug de 16. Februar.

Back to Top
CIM LOGO