De japanesche Kach Ryodo Kajiwara, Chef vum Restaurant Ryodo, konnt sech fënnef Joer no senger éischter Auszeechnung elo fir eng zweete Kéier den Titel vum Lëtzebuerger Kach vum Joer sécheren. Den Titel vum "Jeune chef de l'année" geet un de Kim de Dood aus dem Lys an der Villa Pétrusse.
Fënnef Joer nodeems de Ryodo Kajiwara eng éischte Kéier als Kach vum Joer ausgezeechent gouf, gëtt e vum Guide Gault&Millau Luxembourg nees ausgezeechent. Dat fir säi japanesche Restaurant Ryodo an der Stad, dat mat engem Michelin-Stär ausgezeechent ass. De Restaurantguide wierdegt domadder enger Kichen, déi sech zanter hiren Ufäng weiderentwéckelt a gläichzäiteg op d'Essenz vun der japanescher Gastronomie zeréck besënnt huet.
"Hie gouf eng éischte Kéier am Oktober 2021 zum Kach vum Joer gekréint, well et him gelonge war, eng Fusioun aus usprochsvoller japanescher an europäescher Kichen ze kreéieren", esou de Laurent Fery, Direkter vu Gault & Millau Luxembourg. Zanterhier hätt de Kajiwara seng Approche weiderentwéckelt. "Zanter zwee Joer gehéiert hien nees zu de Käch, déi mir auszeechne wëllen. Hien ass zu senge Racinnen zeréckgaangen an offréiert keng Fusiounskiche méi, mee d'Quintessenz vun der japanescher Kichen."
D'Qualitéit vu senge Platen iwwerzeegt och iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus: "Sëllegen Inspekteren aus der Belsch an Holland konnten déi fantastesch Qualitéit bestätegen, déi scho vun eise Lëtzebuerger Inspekteren erkannt gouf. Fir eis ass et einfach de beschte japanesche Restaurant am komplette Benelux-Raum. Bei esou engem Niveau u Qualitéit, war et fir eis selbstverständlech, him eng zweete Kéier dësen Titel ze ginn", esou nach de Laurent Fery.
Den Titel vum "Jeune chef de l'année" geet un de Kim de Dood, deen am Lys täteg ass, dem Restaurant an der Stater Villa Pétrusse. De Restaurant krut dëst Joer eng éischte Kéier e Michelin-Stär.
"Zejoert goufe virun allem de Projet Villa Pétrusse an dem Lys als 'Decouverte vum Joer' ausgezeechent. De Kim war eis hei am Gediechtnes bliwwen, fir 'Jonke Kach vum Joer' ze ginn. Hie gouf genee esou intensiv observéiert, wéi lescht Joer", erkläert de Laurent Fery.
D'Auszeechnung ass fir den Direkter vum Gastronomiesguide exemplaresch fir de Generatiounswiessel, deen den Ament an de Restaurantskichen uechter d'Land amgaange wier. "Mir stinn an der Lëtzebuerger Gastronomie virun engem Aschnëtt. Et gi sëllege jonk Käch, déi prett sinn, fir d'Ancienen ofzeléisen, och wann dës ëmmer nach vill ze bidden hunn. Zanter hien nees zu Lëtzebuerg ass, brilléiert de Kim wierklech".