
Den US-amerikanesche Schauspiller Walter Koenig ass dout. Am Alter vun 90 Joer ass hien a sengem Haus am Norde vun Hollywood zu Los Angeles un "natierlechen Ursaachen" gestuerwen. Dat huet d'Agence "Galactic Productions" e Méindeg matgedeelt.
De Walter Koenig ass virun allem duerch seng Roll als Pavel Chekov an der legendärer Star-Trek-Rei bekannt ginn. Och a senger weiderer Filmkarriär war hien dacks am Sci-Fi-Filmgenre ze fannen.