
Wéinst Vandalismus, Plëmmen oder Beschiedegung vun ëffentlechem Eegentum sinn an der Nuecht op e Sonndeg zu Barcelona 128 Persoune festgeholl ginn. Der katalanescher Police no wieren der 73 dovu nach mannerjäreg.
An zwee vun den 128 Fäll wiere scho virdru Strofdote constatéiert ginn, sou d'Cheffin vun der Police Siliva Cata. Et géing sech ëm sënnlos Gewalt handelen, komplett onorganiséiert, zu där op soziale Plattformen opgeruff gi wier.
Bei den Ausschreidungen, déi wuel net am Zesummenhang mat den Demonstratiounen an anere Länner wéi zum Beispill Frankräich an Italien stinn, wiere 15 Poliziste blesséiert ginn.