De Kënschtler stellt fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg eng perséinlech Ausstellung aus. Seng Wierker sinn op zwou Plazen ze gesinn: an den Annexen vum Schlass zu Buerglënster an an der fréierer Kierch "Al Kierch" zu Rued-Sir.
Mat Skulpturen, Biller, Aquarellen a Videoen setzt sech den Dagoberto Rodríguez mat de Bezéiungen tëscht Technologie, Kultur an eiser Perceptioun vun der Welt auserneen. D'Ausstellung werft ënner anerem d'Fro op, wéi Technologien eis Vue op d'Realitéit beaflossen.