Wiederwarnung Alerte Jaune vu Meteolux fir Samschdeg a Sonndeg wéinst Reen am ganze Land
Tëscht e Samschdeg 20 Auer an e Sonndeg 10.59 Auer gi landeswäit Ree-Quantitéiten tëscht 25 a 40 Liter pro Quadratmeter erwaart.
Verëffentlecht: 24.10.26 15:26, Update: 24.10.26 15:30
Wéi de staatleche Wiederdéngscht op sengem Internetsite schreift, kënnen et am wäite Westen a Südweste vum Land lokal bis zu 50 Liter pro Quadratmeter Reen ginn.