
Géint 01.35 Auer war am Trapenhaus e Feier ausgebrach. Wéi et zum Brand am historesche Gebai, dat an e puer Wunnengen opgedeelt ass, komme konnt, ass nach net gewosst.
Noperen haten agegraff a mat Hëllef vun e puer Feierläscher d’Flame geläscht. Mat et koum zu enger relativ staarker Dampentwécklung. Et war am Ufank net richteg gewosst, wéi vill Persounen nach am Gebai wieren, vu Kanner an Hënn war awer rieds.
D’Asazekippen op der Plaz hu vun “dramateschen Zeene” geschwat un der Récksäit vum Gebai. Sëllege Bewunner stoungen aus Angscht virun deem villen Damp bei hire Fënsteren, respektiv op Balconen, an hunn do verzweiwelt ëm Hëllef geruff. E puer waren och op kleng Virdiech geklotert. 13 Persounen, dorënner véier Kanner an zwee Hënn hu misse gerett ginn, deels iwwer Leederen.
Déi betraffe Bewunner koumen an enger Wiertschaft ënnerdaach, zwou Persoune goufe wéinst dem Verdacht op Dampvergëftung behandelt. Aus Sécherheetsgrënn huet d’Stroumversuergung vum ganzen Haus missen ofgeschalt ginn.
D’Police huet Ermëttlungen lancéiert, fir d’Brandursaach ze klären. De Buergermeeschter kuckt, fir esou séier wéi méiglech eng Léisung fir déi betraffe Leit ze fannen, déi elo op de Feierdeeg hiert Doheem verluer hunn.