SAMU am AsazKollisioun tëscht 7 Autoen op der A6 Richtung Arel

Andy Brücker
Dräi Persoune goufe bei deem Accident e Méindeg den Owend verwonnt.
© Jeannot Ries

E Méindeg den Owend géint 19:20 Auer gouf et op der A6 a Richtung Arel e méi en heftegen Accident. Net manner wéi 7 Autoe waren an deen Accident verwéckelt. Wéi de CGDIS schreift, goufen dräi Persoune verwonnt. Op der Plaz waren de Stater SAMU, d'Pompjeeën aus der Stad a vu Mamer, grad ewéi Ambulanze vu Mamer, dem Findel an aus der Stad.

Zu Féiz an der Rue du Brill gouf e Méindeg géint 17:40 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Och hei war de SAMU am Asaz, allerdéngs dee vun Esch. Donieft gouf et Ënnerstëtzung vun de Monnerecher Pompjeeën a vun enger Ambulanz vun Esch.

Back to Top
CIM LOGO