
Siwe Persoune goufen duerch Messerstéch blesséiert, aacht duerch d’Flëssegkeet, sou e Vertrieder vun de Pompjeeë vun de Stad Mishima e Freideg. De presuméierten Ugräifer gouf festgeholl. Hie soll a Verbindung stoe mat der Fabrick.
Geschitt ass dat Ganzt an enger Anlag vum Pneueproduzent Yokohama Rubber Co., südwestlech vun Tokio. Géint 16.30 Auer Lokalzäit wier en éischten Noutruff aus der Fabrick bei hinnen agaangen, sou e Vertrieder vun de Pompjeeën. En Onbekannten hätt d’Mënschen an der Fabrick mat engem Messer attackéiert an eng Flëssegkeet gesprayt. Et kéint sech ëm Bleechmëttel handelen, wéi d’Police wësse gedoen huet. D’Rettungsekippen si per Groussasaz op d’Plaz gefuer. Déi 15 Blesséiert koumen alleguer an e Spidol, dovu goufen der fënnef uerg verwonnt.
Den Ugräifer, deen tëscht 30 a 40 Joer al soll sinn, kritt versichte Mord reprochéiert. Hien hat eng Aart Survival-Messer bei sech an eng Gasmask un.
A Japan kënnt et u sech éischter seelen zu Gewaltverbriechen. Den Taux vu Morden am asiatesche Land ass immens niddereg an d’Wafferecht ass strikt, éischter kënnt et alt emol zu Attacke mat Messeren a Schosswaffen.