
Der Police an dem Parquet no ass d’Affer, dat op der Strooss gelieft huet, trotz alle medezinesche Beméiungen u senge schwéiere Blessuren duerch Schléi an Trëtt gestuerwen.
Den Enquêteuren no stinn zwee Bridder am Alter vu 15 an 18 Joer am Verdacht, de 57 Joer ale Mann e Mëttwoch de Moien an enger Hal op enger ëffentlecher Plaz zu Darmstadt attackéiert an him de Portmonni geklaut ze hunn. Dobäi soll de méi jonke vun de Bouwen de Mann duerch Schléi an Trëtt liewensgeféierlech blesséiert hunn.
Zeien haten d’Police geruff, déi déi Verdächteg nach op der Plaz festhuele konnt. Op Uerder vun engem Riichter koum de 15 Joer ale Jong an Untersuchungshaft. Him gëtt ënnert anerem versichte Mord an Déifstall reprochéiert. Den 18 Joer ale Brudder koum den Ermëttler no rëm fräi, well him net mat genuch Sécherheet nogewise ka ginn, datt hien um Doud vum Mann bedeelegt war. D’Ermëttlunge lafe weider.