Eng Persoun erschoss, siwe blesséiertPresuméierten Auteur vun der Attack vun Trappes wéinst Terrorismus ugeklot

AFP, iwwersat vun RTL
De Mann soll schonn zouginn hunn, dass hie muslimesch, afrikanesch an nordafrikanesch Persoune wollt viséieren.
De franséischen Anti-Terrorismus-Procureur Olivier Christen informéiet d'Medien op enger Pressekonferenz.
De franséischen Anti-Terrorismus-Procureur Olivier Christen informéiet d'Medien op enger Pressekonferenz.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Viru sechs Deeg ass bei enger Schéisserei zu Trappes am Département Yvelines, südwestlech vu Paräis, eng Persoun gestuerwen a siwe weiderer si blesséiert ginn. Elo huet en Anti-Terrorismus-Riichter d'Klo géint de presuméierten Auteur opgemaach. Dat gouf d'Noriichtenagence AFP en Donneschdeg vun enger Source, déi no um Dossier dru wier, gewuer.

Elo ass et un engem Haftriichter ze decidéieren, ob de Mann an Untersuchungshaft kënnt.

Wéi den Anti-Terror-Procureur Olivier Christen op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Moie matgedeelt huet, hätt de Verdächtege schonn zouginn, dass hie mat senger Dot muslimesch, afrikanesch an nordafrikanesch Persounen hätt wëllen treffen. Hien hätt Trappes als Plaz fir d'Attack ausgewielt, well d'Stad a sengen Aen eng Héichbuerg vun den Islamiste wier.

Back to Top
CIM LOGO