
Virum Hannergrond vun de schwierege Relatioune mat Washington an der Trump-Administratioun ass déi nächst zwee Deeg den EU-Kanada-Sommet. Zu Montreal gesi sech d'Spëtzte vun der EU mat der kanadescher Regierung, fir eng méi enk Partnerschaft ze diskutéieren. Schonn elo gëtt et jo e gemeinsaamt Fräihandelsofkommes, mä virun allem an de Beräicher Defense, Finanzen, KI, Bildung an Matière première sollen d'Relatiounen ausgebaut ginn.
Dass Kanada en associéierten EU-Member gëtt, schéngt awer mol vum Dësch ze sinn. Den entspriechenden Terme ass op alle Fall aus engem Entworf fir eng Ofschlossdeklaratioun verschwonnen. Dofir wëll ee bis zu engem nächste gemeinsame Sommet dat nächst Joer e kloert Konzept ausschaffen, fir e "méi enkt Ubanne vu Kanada un d'EU".