Rieds geet vun op d’mannst 18 Doudegen a ganz ville Blesséierten. An engem éischte Bilan war nach vun 22 Doudesaffer Rieds gaangen, dee Bilan gouf awer am Laf vum Dag no ënne revidéiert. Och bei de Blesséierten hat et geheescht et wieren der 50 bis 60. Op enger Pressekonferenz um Donneschdeg de Mëtteg huet d’Gouverneurin vun 13 Blesséierte geschwat. D’Schéisserei war an der Stad Lewiston am Maine.
Anscheinend gouf op zwou Plaze geschoss: an engem Bowlingzenter an an engem Restaurant.
De verdächtegen Täter ass identifizéiert, mä ass nach ëmmer flüchteg. Et handelt sech dobäi ëm ee 40 Joer ale Reservist vun der US-amerikanescher Arméi, dee wéinst psychesche Problemer a Behandlung war. Fotoe vun him goufe publizéiert. All d’Entreprisë sollen hir Dieren zouspären an all d’Awunner sech a Sécherheet bréngen. Honnerte Poliziste sichen nom Mann.

Lewiston ass eng Stad mat 37.000 Awunner. Dat lokaalt Spidol ass total iwwerfuerdert a muss mat de Spideeler an der Géigend zesummeschaffen.
Aus dem Wäissen Haus heescht et, den US-President Biden wär iwwer de Virfall informéiert a géif iwwer déi “schrecklech Attack” um Lafende gehale ginn.