
En 19 Joer jonken Däitsche steet ënnert dem Verdacht dës Dot begaangen ze hunn an dono geflücht ze sinn. Geschitt ass dat Ganzt an der Nuecht op en Dënschdeg op der Insel São Vicente. De Jonke soll säi Papp, deem seng Fra an hir Duechter erstach hunn. Déi genee Hannergrënn vun der déidlecher Attack sinn nach onkloer. De Verdächtege soll awer eng Virgeschicht wéinst psychesche Stéierungen hunn.
No der Dot ass den Däitschen vun de Kapverden geflücht an ass nach dee selwechten Dag a Portugal gereest. Um éischte Chrëschtdag konnt d’Police mat Hëllef vun engem internationale Mandat d’arrêt zu Lissabon zouschloen. An engem Hotel gouf hie gepëtzt.
De jonke Mann soll elo virun den Haftriichter kommen, wou iwwer eng Untersuchungshaft decidéiert gëtt. D’Ermëttlunge lafen.