Äerderwiermung muss entgéintgewierkt ginn2023 wäermsten Oktober an Europa zanter 1940

RTL Lëtzebuerg
Leschte Mount war dee wäermsten Oktober, dee bis ewell an Europa gemooss gouf. Dat mellt den EU-Klimadéngscht Copernicus.

D’Duerchschnëttstemperatur loung 1,7 Grad Celsius iwwert der vir-industrieller Referenzperiod. Dobäi kéim, datt d’Uewerfläch vun de Mierer mat knapp 20,8 Grad och sou waarm ass wéi an de leschten 83 Joer net.

Mat Bléck op déi nächst Weltklimakonferenz, d’COP28, déi Enn des Mounts zu Dubai ufänkt, sollten déi Donnéeë kloer maachen, wéi wichteg et ass, der Äerderwiermung entgéint ze wierken, heescht et vun der Vize-Direktesch vu Copernicus, der Samantha Burgess.

D’Schreiwes vu Copernicus.

Back to Top
CIM LOGO