
Insgesamt 500.000 Hektar wieren zejoer verbrannt - eng Fläch, duebel esou grouss wéi Lëtzebuerg. Am virleefege Rapport geet een dervun aus, datt sech d’Lag an Zukunft nach verschlechteren dierft.
Dat schlëmmste Joer, wat Bëschbränn an Europa ugeet, war d’Joer 2017. Deemools si bal eng Millioun Hektar Land verbrannt. Un zweeter Plaz steet d’Joer 2022 mat ronn 800.000 Hektar verbranntem Buedem.
D’lescht Joer haaptsächlech vun de Bëschbränn betraff ware Spuenien a Griichenland. Bei der griichescher Stad Alexandroupoli gouf et 2023 dee gréissten eenzele Brand an Europa zanter den 80er Joren. De komplette Rapport fir 2023 gëtt sech fir den Hierscht erwaart.
Och dëst Joer huet scho schlecht ugefaangen. An den éischte Méint vun 2024 huet sech d’Zuel vun de Bëschbränn bal verduebelt, och wann et bis ewell manner Schued gouf wéi gefaart.