
Bei de Parlamentswalen an Israel leeën d'Lëschte vun den arabeschen Israeeli weider zou, nodeems 85 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn. Zesumme kommen d'Vereenegt Lëscht an d'Raam op 19 vun 120 Sëtz am Parlament, wéi d'Walkommissioun e Mëttwoch matgedeelt huet. De Block vum Regierungschef Benjamin Netanjahu kënnt op 53, d'Bündnis vun der Oppositioun op 48 Sëtz.
D'Resultater kënnen awer nach änneren. Bei enger Rei Ëmfroen no der Wal war eng enk Course tëscht béide Lager prognostizéiert ginn, bei där fir keen eng parlamentaresch Majoritéit virausgesot ginn ass. Dofir sinn am israeelesche Parlament Knesset 61 vun 120 Sëtz néideg. Mat engem endgültege Resultat gëtt spéitstens e Freideg de Moie gerechent.
No der Wiel kënnt dann déi schwiereg Aufgab vun der Regierungsbildung. Eng entscheedend Roll dierft dobäi den arabesche Lëschten zoukommen, déi sou vill Sëtz wéi nach ni erreecht hunn. A verschiddenen arabesch-israeelesche Gemengen hat d'Walbedeelegung bei bal 100 Prozent geleeën. Allerdéngs hat de Gadi Eisenkot am Walkampf annoncéiert, keng Koalitioun wëllen anzegoe mat arabeschen Deputéierten.
Expären no kéinten arabesch Deputéiert alternativ eng Minoritéitsregierung stëtzen, ouni dobäi Deel vun der Koalitioun ze sinn. Sollt dat net geléngen, kéint et op Neiwalen erauslafen.