Internationale Verband vun de Medievertrieder2025 si weltwäit 128 Journalisten ëmbruecht ginn

Tom Nols
Am Verglach mam Joer virdru wier deen neie Chiffer alarmant. Méi wéi d'Hallschent vun den Affer waren am Noen Osten ze bekloen.
Méi wéi d'Hallschent vun den Affer goufen am Noen Oste gezielt.
Méi wéi d’Hallschent vun den Affer goufen am Noen Oste gezielt.
© ALAA Y. M. ABUMOHSEN/Anadolu via AFP

Der internationaler Federatioun vun de Journalisten (IFJ) no sinn d’lescht Joer weltwäit 128 Journalisten ëmbruecht ginn. Méi wéi d’Hallschent dovun am Noen Osten. Dem Generalsekretär vun der IFJ Anthony Bellanger no wier dat en alarmante Fait. Besonnesch iwwer d’Situatioun an der Gazasträif weist ee sech besuergt, wou d’lescht Joer 56 Medievertrieder hiert Liewe verluer hätten.

Ënnert anerem och an der Ukrain, am Jemen, am Sudan, an Indien a Peru sinn 2025 Journaliste gestuerwen. De Bellanger beklot, dass déijéineg, déi hannert deenen Attacke stiechen, meeschtens onerkannt dovu géinge kommen. Der IFJ no befanne sech aktuell weltwäit 533 Medievertrieder am Prisong. Bannent de leschte fënnef Joren hätt sech dee Chiffer méi wéi verduebelt. A China sëtze mat 143 Journalisten déi meeschten hanner Gitteren.

Meeschtens läit de genannte Chiffer vun der IFJ iwwert där vun der Net-Regierungsorganisatioun Reporter ouni Grenzen (RSF). De Grond dofir läit an der ënnerschiddlecher Aart a Weis ze zielen. RSF no sinn d’lescht Joer 67 Journaliste wärend hirer Aarbecht gestuerwen. D’UNESCO nennt 93 Medievertrieder, déi ëmkomm sinn.

Back to Top
CIM LOGO