
Eng Pist an der Therapie vu Corona-Patienten ass den Asaz vun Antikierper, déi aus dem Blutt vun ewell infizéierte Persoune gewonne ginn. Fuerscher vun enger Rei däitschen Universitéiten a vum Weizmann Institute of Science hunn elo bekannt ginn, datt si 28 Antikierper entdeckt hunn, déi an Zellkulturen am Labo eng Infektioun mam Virus verhënnert hunn.
D’Antikierper wiere séier forméiert gi bei deene Patienten, bei deene se fonnt goufen, dat heescht tëschent 8 a 36 Deeg no der Diagnos. D’Fuerscher ginn dovunner aus, datt de Krankheetsverlaf dowéinst méi harmlos verlaf ass. 5 Persounen hätten nëmme liicht Houscht, Féiwer an Otemnout gehat, 2 hätte guer keng Symptomer gehat.
Wéi laang d’Antikierper géint de Coronavirus wierken ass nach onkloer. Bis elo géife si dovunner ausgoen, datt se wärend e puer Woche wierksam bleiwen an domat och géint de Virus schützen, sot den Dr Christian Kreer, ee vun de Fuerscher vun der Uni zu Köln.
Dëst Joer nach soll d’Wierksamkeet vun den 28 Antikierper a klineschen Etüden iwwerpréift ginn. Wa se sécher an effikass sinn, kéinte se méiglecherweis net nëmmen an der Therapie, ma och als Protektioun agesat ginn. D’Fuerscher, déi hir Resultater am wëssenschaftleche Magasinn Cell verëffentlecht hunn, kënne sech och virstellen, datt se fir sougenannte Postexpositionsprophylaxe, kuerz PEP, benotzt ginn, fir Persounen ze schützen, déi Kontakt mat Infizéierten hunn. An der Lutte géint den HIV gëtt PEP ewell mat Erfolleg agesat.
