No Brand a Gebai zu Clermont-Ferrand (FR)Dräi Läichen an den Iwwerreschter fonnt, eng Persoun weider vermësst

AFP, iwwersat vun RTL
An der Nuecht op e Freideg hat et am Gebai gebrannt. An der Nuecht op e Samschdeg goufen dräi Läiche fonnt.
No engem Feier an engem Appartementshaus zu Clermont-Ferrand goufen dräi Läiche fonnt.
No engem Feier an engem Appartementshaus zu Clermont-Ferrand goufen dräi Läiche fonnt.
© ADRIEN FILLON/Hans Lucas via AFP

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg sinn dräi Läichen an den Iwwerreschter vun engem Gebai am Zentrum vu Clermont-Ferrand, eng 160 Kilometer westlech vu Lyon, fonnt ginn, dat schonn an der Nuecht op e Freideg bei engem Brand schwéier beschiedegt gouf. Wéi de Parquet der Noriichtenagence AFP matgedeelt huet, kéint d'Feier méiglecherweis express geluecht gi sinn.

Ronn 30 Pompjeeë waren e Samschdeg de Moien nach op der Plaz a sichen no enger méiglecher véierter Persoun. Dobäi handelt et sech ëm e Bewunner vum betraffene Gebai, deen nach net lokaliséiert konnt ginn. Bei der Sich ginn d'Pompjeeë vun enger Hondsstaffel an enger spezialiséierter Unitéit ënnerstëtzt.

Parallel dozou gëtt en 21 Joer ale Mann weider verhéiert, deen zanter e Freideg de Moien am "Garde à vue" ass. D'Ermëttlunge sollen d'Ursaach vum Brand klären. Och wann déi genee Ëmstänn nach net feststinn, géifen éischt Erkenntnisser vun den Enquêteuren op eng méiglech kriminell Ursaach vum Feier hindeiten, sou de Parquet.

Iwwert d'Identitéit vun den Affer konnt de Parquet e Samschdeg de Moien nach keng Detailer matdeelen.

D'Feier war e Freideg géint 3 Auer am Zentrum vu Clermont-Ferrand an engem fënnefstäckege Wunngebai ausgebrach. Well d'Gebai an enger enker Sakgaass läit an direkt un aner Gebaier grenzt, war den Asaz fir d'Rettungsgefierer schwiereg.

Der Gemeng no stoungen zwee Appartementer a Flamen, wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen. Duerno hat d'Feier op den Daach iwwergegraff. Dobäi sinn de véierten an de fënnefte Stack an de Koup gefall. Och d'Trap vum Gebai ass an e Koup gefall.

Sechs Persoune goufe mat liichte Blessuren an d'Spidol bruecht. An engem éischte provisoresche Bilan hat d'Prefektur matgedeelt, datt sechs Persounen Damp ageotemt haten an eng Persoun sech duerch e Sprong aus der Fënster vun hirem Appartement rette konnt.

Aus Sécherheetsgrënn goufen och d'Gebaier direkt niewendrun evakuéiert. Ronn 30 betraffe Persoune goufe vun der Gemeng betreit. Donieft gouf eng medezinesch-psychologesch Noutfallstruktur ageriicht.

"Clermont-Ferrand trauert", huet de Buergermeeschter Julien Bony an engem Communiqué erkläert an de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat. Seng Gedanke wieren och bei den Noperen, den Awunner aus der Ëmgéigend an de Geschäftsleit, déi vun dësem Drama betraff sinn. "Eis Trauer ass haut grouss", esou de Buergermeeschter.

Back to Top
CIM LOGO