
A Frankräich hu landeswäit Protester géint héich Liewenskäschten a Mëssstänn am Educatiounssystem ugefaangen. Bei enger Manif zu Paräis hunn zwou Studentegewerkschaften e Samschdeg zu enger Blockad vun Universitéiten a Lycéeën en Dënschdeg an Donneschdeg opgeruff. Grond dofir wier ënnert anerem, datt d'Streck fir eng Manif zu Paräis vun den Autoritéiten net accordéiert gouf, sot d'Spriecherin vum Syndikat USL, d'Sabrine Kharbach.
All Woch géingen Demonstratiounen an Zich verbuede ginn, betount d'Porte-parole: "Mir wäerten hinne weisen, datt eis Fuerderunge legitim sinn." Weider huet si ugekënnegt, datt si en Donneschdeg bei enger Demo vu verschiddene Gewerkschafte wäert sinn.
De Studenteverband Fage sot, datt mat der geriichtlecher Verleeung vun der Streck an der Haaptstad "eis Rechter" a Fro gestallt géinge ginn. D'Interessevertriedung vun de Studente géing sech elo beroden, fir iwwer e weidert Virgoen ze decidéieren.
Fir e Samschdeg waren a ganz Frankräich Protester geplangt. Den Inneministère huet am Nomëtteg vun am Ganze 15.000 Participantë bei de verschiddene Maniffe geschwat. Déi gréisst Manif sollt zu Paräis sinn, wou scho moies méi wéi 40 Metro-Statiounen am Zentrum an Oste vun der Stad zoubliwwe sinn. Dat iewescht Verwaltungsgeriicht huet um Moies decidéiert, datt d'Demonstranten en anere Wee missten huelen.
Déi lescht Weekender haten Honnertdausende Leit a Frankräich protestéiert. De 17. Oktober war et dobäi zu uergen Ausschreidunge komm. Butteker an ëffentlech Gebaier goufen zerstéiert a sëllege Secouriste blesséiert. De leschte Weekend war et op en Neits zu Gewalt bei Protester komm, awer a méi geréngem Ausmooss.
Aus Angscht virun neier Gewalt waren e Samschdes am ganze Land 70.000 Sécherheetsleit am Asaz. Am Ganze goufen 350 Maniffen ugemellt.