Accident op Chantier zu München32 Joer ale Mann gëtt vu Baggerschëpp erdréckt

RTL Lëtzebuerg
Op engem Chantier zu München koum et en Dënschdeg zu engem déidlechen Aarbechtsaccident.

Een 32 Joer alen Aarbechter war vun der Schëpp vun engem Bagger gepaakt an erdréckt ginn. De Mann soll sech zum Zäitpunkt vum Accident an engem Deel vum Manövréierberäich vun der Schëpp opgehalen hunn, deen de Baggerfuerer net iwwerblécke konnt. Hie gouf deemno vun der Schëpp gepaakt an an d’Hecke gedréckt. Wou d’Secouristen op der Plaz ukoumen, louch den Aarbechter bewosstlos a schwéier blesséiert am Gruef. De Mann ass kuerz Zäit drop an engem Spidol u senge Blessure gestuerwen, wéi déi lokal Pompjeeën en Dënschdeg den Owend matgedeelt hunn.

Wéi genee et zum Accident konnt kommen, ass bis ewell nach net gekläert.

Back to Top
CIM LOGO