Viru ronn 2 Joer verschwonnen4 Männer wéinst Entféierung vu Studentin am Honduras festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ronn 2 Joer, nodeems eng Studentin am Honduras verschwonnen ass, goufen an deem Kontext elo dräi US-Bierger an een Indigeene festgeholl.
Déi 4 Verdächteg
Déi 4 Verdächteg
© Orlando Sierra / AFP

Géint zwee vun den US-Staatsbierger huet e Riichter en Donneschdeg en Ermëttlungsverfare wéinst Mënschenhandel souwéi Untersuchungshaft ordonéiert. Dat huet d’Spriecherin vum zoustännege Geriicht an der Haaptstad Tegucigalpa, d’Barbara Castillo, gesot.

Am Fall geet et ëm déi 22 Joer al honduranesch Studentin Angie Peña, déi den 1. Januar 2022 verschwonne war, nodeems si mat engem Jetski op d’Mier erausgefuer ass. Fir d’éischt waren d’Polizisten dovun ausgaangen, datt d’Fra erdronk wier. Hir Familljememberen hunn awer eng genee Enquête gefuerdert, well si vun enger Entféierung ausgaange sinn.

E puer Deeg nom Verschwanne vun der Fra goufen den Jetski, d’Schwammwest an aner Géigestänn vun der Studentin op enger klenger Insel fonnt. Trotzdeem gëtt d’Angie Peña zanterhier vermësst. D’lescht Woch huet d’Vize-Sécherheetsministesch Julissa Villanueva dunn awer matgedeelt, datt den Autoritéiten Informatioune virléichen, “wie si huet a wat ronderëm hir Entféierung geschitt ass”.

Wéi d’Noriichtenagence AFP schreift, huet de Spriecher vum Parquet, de Yuri Mora, hinne géigeniwwer erkläert, datt ee vun de Beschëllegten aus den USA d’Studentin un ee vu senge Landsmänner verkaaft, deen och beschëllegt gëtt. Dofir hätt de Parquet “vill Beweiser”, ënnert anerem Ausschnëtter aus Telefonater, grad ewéi Fotoen, Videoen an Zeienaussoen. D’Sich no der Studentin wier allerdéngs bis ewell ouni Resultat verlaf. D’Ermëttler hoffen awer, datt déi jonk Fra nach lieft.

Den ugekloten US-Bierger war schonn am August 2022 inhaftéiert ginn, hie soll Member vun engem Kannerporno-Grupp sinn. Déi aner zwee Verdächteg aus den USA goufen d’lescht Woch op der Karibikinsel Roatán festgeholl. Déi dräi Beschëllegt liewe fest am Honduras an hunn do an den Tourismussecteur investéiert.

Back to Top
CIM LOGO