An den USA5 Doudeger bei Kollisioun tëscht Schoulbus a Camion

RTL Lëtzebuerg
Op engem Highway am US-Bundesstaat Illinois sinn e Schoulbus an e Camion aneneegerannt. Bei der Kollisioun huet keen iwwerlieft.

Op enger Schnellstrooss am US-Bundesstaat Illinois koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Schoulbus an der Fuererkabinn vun engem Camion, also e Gefier ouni Unhänger. Wéi et vun der US-Police heescht, wier de Bus e Méindeg de Moien op der “Route 24" a Richtung Osten ënnerwee gewiescht, wéi en an der Gemeng Rushville iwwer déi mëttels Spuer gefuer a virun de Camion geroden ass. Béid Gefierer wieren doropshin a Brand geroden.

Bei der Kollisioun sinn, sou d’Autoritéiten, all véier Passagéier vum Schoulbus ëm d’Liewe komm, also déi dräi Kanner an de Chauffer. Och de Camionschauffer huet d’Kollisioun net iwwerlieft.

“Et gi keng richteg Wierder, déi zu dësem Zäitpunkt gesot kënne ginn”, sot de Sheriff vum Bezierk Schuyler County, de Bill Redshaw. “Wann een esou ee Verloscht u Mënscheliewen ze bekloen huet, ass dat bedréckend.”

Back to Top
CIM LOGO