Charkiw6 Doudeger an 10 Blesséierter bei russescher Dronenattack

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg ass et zu enger russescher Dronenattack op d'Stad Charkiw am Nordoste vun der Ukrain komm.
De Gouverneur vu Charkiw Oleh Synegubow schwätzt no enger fréierer Dronenattack mat der Press.
De Gouverneur vu Charkiw Oleh Synegubow schwätzt no enger fréierer Dronenattack mat der Press.
© KHARKIV MILITARY ADMINISTRATION / ANADOLU / Anadolu via AFP

Dat huet de Buergermeeschter vun der Stad Igor Terechow um Messenger-Déngscht Telegram matgedeelt. Beim Ugrëff op de Staddeel Schewtschenkiwskyi si 6 Mënsche blesséiert ginn an op d’mannst 10 sinn ëm d’Liewe komm. Dës Zuele goufen antëscht vum ukrainesche Rettungsdéngscht confirméiert.

Onmëttelbar no der Attack hat de Gouverneur vun der Regioun Charkiw nach vun 2 Doudesaffer an 8 Blesséierte geschwat, déi an d’Spidol transportéiert gi wieren.

Der Noriichtenagence AFP no sollen eng Partie zivil Gebaier no den Attacke Feier gefaangen hunn, dorënner Appartementshaiser an eng Tankstell. Dat géif sech aus Matdeelunge vun den ukraineschen Autoritéiten an aus Biller, déi vun der ukrainescher Police op Telegram verëffentlecht goufen, erginn.

Back to Top
CIM LOGO