No virgezunne ParlamentswalenA Portugal gëtt de Luis Montenegro neie Premier

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Staatspresident Rebelo De Sousa e Mëttwoch den Owend matgedeelt.
© AFP/PATRICIA DE MELO MOREIRA

De Rebelo De Sousa wier mat engem Regierungsoptrag chargéiert, nodeems d’Mëtt-Riets Demokratesch Allianz (AD) déi virgezunne Parlamentswale viru knapp zwou Woche gewonnen hat.

E Mëttwoch ass den 51 Joer alen Affekot Luis Montenegro zum Ministerpresident ernannt ginn. Seng konservativ Allianz AD hat sech géint d’Sozialisten duerchgesat.

De Montenegro strieft eng Minoritéitsregierung un, well hien och refuséiert, mat de Rietspopuliste vun der Chega-Partei zesummenzeschaffen, déi hir Deputéiert awer vervéierfache konnt. Eng “grouss Koalitioun” tëscht Konservativen a Sozialiste gëllt a Portugal als ausgeschloss.

De Montenegro wëll seng nei Regierung nächste Mëttwoch virstellen, esou de Politiker géigeniwwer Journalisten no senger Entrevue mam Staatspresident Rebelo De Sousa. Seng nei Regierung soll den 2. Abrëll hir Aarbecht untrieden.

Chega hat zu Lëtzebuerg d’Nues vir

Déi konservativ AD hat den 10. Mäerz bei de Parlamentswalen a Portugal mat engem knappe Virsprong virun de Sozialisten, déi bis ewell d’Regierung gestallt haten, ronn een Drëttel vun de Sëtz gewonnen. Déi néideg Majoritéit vun 116/230 Sëtz hat d’AD allerdéngs däitlech verpasst.

Hei am Land waren iwwregens 37 Prozent vun de knapp 37.000 walberechtegte Portugise wielen. Déi ongülteg Walziedel hu kloer dominéiert. 44,31 Prozent hunn e wäissen oder falsch ausgefëllte Walziedel ofginn. Déi rietsextrem Partei Chega läit bei de gültege Stëmme vir, mat 19,61 Prozent. Hannendru kommen déi Konservativ mat iwwer 14 Prozent an op déi drëtt Plaz kommen d’Sozialiste mat 13 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO