Et lafen eng ganz Partie verschidde Prozesser géint den Trump. Ëm wat geet et elo hei? A wéi enge Punkte goufe hie schëlleg gesprach?
Hie gouf an allen Uklo-Punkte schëlleg gesprach. Am Ganze waren et der 34 am Prozess ëm d’Vertuschung vu sexuellen Affären. 2016 wärend der Presidentschaftscampagne huet den Trump enger Porno-Actrice – bekannt ënnert dem Numm “Stormy Daniels” - 130.000 Dollar bezuelt, well si anscheinend wollt Detailer auspaken. De Problem ass: den Trump huet déi Suen net richteg comptabiliséiert. An dat war dann och den Ausgangspunkt fir dësen Prozess zu New York. Zanter Mëtt Abrëll huet den Jury do d’Aussoen vun iwwer 20 Zeien héieren. Och d’Actrice selwer war an dësem Prozess zu Wuert komm an de fréieren Affekot vum Donald Trump, den Michael Cohen. Deen hat dann och confirméiert, dass d’Suen iwwerwise goufen. Hien hätt dem Trump och conseilléiert, seng Affär ze verstoppen. Den Trump ass jo bestuet an dat géing bei ville Fraen eben net gutt ukommen a wier net gutt fir säin Walkampf.
Ass den Trump selwer ni gehéiert ginn?
E puer mol wärend dem Prozess huet et sou ausgesinn, wéi wann den Trump géing een Temoignage ginn, mee dozou ass et ni komm. Par contre, huet hie sech op de soziale Medien ganz vill zum Prozess geäussert a krut dowéinst och schonn am Oktober e Maulkuerf vun enger Riichterin. Hien dierft keng Detailer vum Prozess, vun den Zeien oder vun der Famill vun de Riichter online posten. Hien huet sech natierlech net dorun gehalen an krut dofir am Ganzen 10 Amenden, all Kéiers vun 1.000 Dollar. Dat huet FranceInfo zesumme gerechent.
Wéi geet et dann elo weider fir den Donald Trump?
Den Ex-President riskéiert bis zu 4 Joer Prisong, wéinst der Fälschung vun Comptabilitéitsdokumenter. De Jury huet e Verdikt geholl, mee dat definitiv Urteel vun de Riichter gëtt allerdéngs eréischt den 11. Juli geschwat. Also 4 Deeg iert den Trump offiziell als Presidentschaftskandidat fir d’Republikaner designéiert gëtt. Den Trump selwer ass natierlech net d’Accord mam Urteel. Hei een Extrait – direkt nom Prozess - vum Donald Trump: “Dat hei war eng Schan. Et war e manipuléierte Prozess vun engem korrupte Riichter. Dat richtegt Urteel héiere mer de 5. November vun de Wieler. Mir hunn näischt falsch gemaach. Ech sinn e ganz onschëllege Mann”.
Souguer wann den Trump am Prisong sëtzt, kann hie sech als President wiele loossen. Déi amerikanesch Verfassung léisst dat zou. Allerdéngs kann ee sech jo virstellen, wat da géing geschéien. Et wier e Präzedenzfall. Dann hätten déi Vereenegt Staaten eng juristesch Kris. Dat kann een am Detail an enger Analyse vun der New York Times noliesen. Den Aschätzunge vun Experten no ass et awer méi warscheinlech, dass de Riichter den Trump zu enger Prisongsstrof mat Sursis probatoire verurteelt oder zu enger Geldstrof mat gemengnëtzeger Aarbecht. Sécher ass op alle Fall mol, dass den Donald Trump elo méi Zäit huet fir seng Walcampagne.