
Als Reaktioun op d’Europawalen huet de franséische President Emmanuel Macron annoncéiert, datt d’Assemblée Nationale opgeléist gëtt, an datt et Neiwalen am Hexagon wäert ginn. Dës virgezunne Nationalwale sollen den 30. Juni an de 7. Juli sinn.
Dëst ass d’Reaktioun vum Emmanuel Macron op d’Defaite vu senger Lëscht bei den Europawalen. Hie kéint net maachen, wéi wann näischt wier.
Stäerkste Kraaft bei den EU-Walen a Frankräich gouf jo mat Ofstand de rietsextreme Rassemblement national.