Et war driwwer spekuléiert ginn, elo ass et offiziell: De Lëtzebuerger EU-Deputéierte gouf vu senger Fraktioun am EU-Parlament, der EKR, ausgeschloss.

Um 14 Auer war d'Fraktioun fir eng ausseruerdentlech Sëtzung beieneekomm an do huet sech eng Majoritéit vun den 80 EKR-Deputéierten dofir ausgeschwat, den ADR-Deputéierten erauszewerfen. Grond fir déi Decisioun war, datt de Fernand Kartheiser d'lescht Woch op Moskau gereest war a sech do mat Membere vum russesche Parlament an der Regierung getraff hat.

De Porte-parole vun der EKR, Stephen Jones, huet déi Decisioun esou erkläert.

"Pour nous, pour notre groupe, le fait que monsieur Kartheiser s'est rendu à Mouscou il y a quelques jours, est quelque chose qui a vraiment franchi une ligne rouge pour nous puisque notre position sur la guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine et sur l'intégrité territoriale et la souveraineté de l'Ukraine a été très fort."

Et wier awer wichteg, dem Lëtzebuerger EU-Deputéierte seng Héiflechkeet a seng konstruktiv Mataarbecht an der Fraktioun unzëerkennen.

Ma och scho virun der Rees op Moskau war dem Lëtzebuerger säi Behuelen negativ opgefall, sou hat hien zum Beispill enger russescher Zeitung, déi vun den EU-Sanktioune betraff war, een Interview ginn an een Ophiewe vun eben deene Sanktioune gefuerdert.

Zukunft am EU-Parlament: "Ech schléisse lo näischt aus"

No senger politescher Zukunft am EU-Parlament gefrot, sot den Deputéierte vun der ADR dat heiten:

"Ech schléisse lo näischt aus, mee ech muss soen, ech sinn eigentlech ganz zefridden als onofhängegen Deputéierten, well ech praktesch déi selwecht Méiglechkeeten hunn, heiansdo esouguer méi Fräiheete wéi an engem Grupp, dat heescht, dat ass eng Existenz, déi ech mer ganz gutt ka virstellen. Ech gi lo mol dovun aus, datt ech als onofhängegen Deputéierte schaffen, wat mer u sech gutt gefält, mee ech schléissen och net aus, wann eng interessant Offer vun engem Grupp sollt kommen, fir vläicht engem Grupp eng Kéier bäizetrieden, mee dat géing ech dann a Koordinatioun mat der ADR zu Lëtzebuerg kucken, ob mer dat wëllen oder net."

Fernand Kartheiser reagéiert op Ausschloss aus EKR-Fraktioun
Et war driwwer spekuléiert ginn, elo ass et offiziell: De Lëtzebuerger EU-Deputéierte gouf vu senger Fraktioun am EU-Parlament, der EKR, ausgeschloss.

Déi lescht Woch hat de Fernand Kartheiser gesot, hien hätt schonn eng Offer vun enger anerer Fraktioun kritt. Wéi eng Offer dat war, wëllt hien awer net soen. Ganz offiziell wier dat souwisou net gewiescht. Vun der EKR weist de Fernand Kartheiser sech iwwerdeems enttäuscht. Dës hätt sech verännert, mëttlerweil géing nämlech probéiert ginn, de Memberparteien eng Linn an der Aussepolitik opzezwéngen, eppes, wat fréier net esou gewiescht wier. Hien hätt sech op alle Fall näischt virzewerfen, mee probéiert, Brécken ze bauen, esou den ADR-Politiker.

Dëse Reproche a Richtung vun der EKR widderhëlt den EU-Deputéierten dann och an engem Schreiwes. An dësem seet hien och, dass déi aktuell Linn vun der EU, sech all Kontakt mat Russland ze verweigeren a sech komplett der ukrainescher Positioun unzeschléissen, mëttelfristeg keng Zukunft hätt. D'USA hätten den Dialog mat Russland nees opgeholl an et géingen direkt Verhandlungen tëscht der Ukrain a Russland dinn. Wann d'EU eng Roll bei der Léisung vum Konflikt wéilt spillen, kéint si sech net dauerhaft aus dëse Gespréicher eraushalen.

ADR-Presidentin Alexandra Schoos kann Decisioun net novollzéien

D'ADR-Presidentin Alexandra Schoos seet op Nofro hin, datt si d'Decisioun vun der EKR-Fraktioun, de Fernand Kartheiser auszeschléissen, net novollzéie kann. D'ADR hätt awer als Partei net wëlles, aus der EKR-Partei auszetrieden. Si hätt och bis elo net matgedeelt kritt, datt d'ADR ausgeschloss soll ginn. Hannert de Kulissen ass awer ze héieren, datt d'EKR doriwwer nodenkt, déi ganz Partei erauszewerfen. Dat well d'Alexandra Schoos dem Fernand Kartheiser no senger Rees op Moskau ëffentlech de Réck gestäipt hat.

"Ze vill extrem fir déi Extrem! Dat muss ee mol fir d'éischt hikréien"

Mat deene Wierder reagéiert d'Europadeputéiert vun déi Gréng d'Tilly Metz, op den Ausschloss vum Fernand Kartheiser. Si ënnersträicht an engem Schreiwes, datt si sech zesumme mat deene véier anere pro-europäeschen Europadeputéierten aus dem Grand-Duché wëll dofir asetzen, datt déi positiv Reputatioun vu Lëtzebuerg am Europäesche Parlament an doriwwer eraus erëm gefestegt gëtt.