EKR wëll Fernand Kartheiser ausschléissen - dee kann d'Kritik net novollzéien

© Michèle Sinner
De Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser vun der ADR ass zanter e Sonndeg op politescher Visitt an der russescher Haaptstad Moskau.
Ass et legitim an dësen Zäiten, an deene Russland d'Ukrain attackéiert, op Moskau ze fléien, fir Gespréicher mat russesche Politiker ze féieren? De Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fënnt Jo, an ass zanter e Sonndeg an der russescher Haaptstad.
Den ADR-Politiker zitt ee positiven Tëschebilan vu sengen Entrevuen a weist sech optimistesch, datt Russland un engem Fridden interesséiert ass. Datt hien esouwuel vun der Lëtzebuerger Regierung, wéi och vu senger Fraktioun am EU-Parlament, der EKR, deels massiv kritiséiert gëtt, kann de Fernand Kartheiser net novollzéien. Sollt hie vun der EKR ausgeschloss ginn, hätt hien op alle Fall e puer Alternativen.
Mee fänke mer mol mat de Gespréicher un, déi de Fernand Kartheiser bis elo zu Moskau gefouert huet. Virop sief gesot, datt den EU-Deputéierten op Invitatioun vum russesche Parlament op Moskau geflunn ass. Hien ënnersträicht awer op Nofro hin, datt en déi ganz Rees aus senger eegener Täsch bezilt. Um Méindeg stounge Gespréicher mam President vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Duma um Programm. Dës wieren an enger ganz positiver Atmosphär ofgelaf, déi russesch Säit hätt nämlech Versteesdemech fir d'Bedenke vun den Europäer. Et wier och ganz konkret iwwert d'Situatioun an der Ukrain geschwat ginn.
"Ech hunn humanitär Waffestëllstänn proposéiert. Mir hunn am Abléck lo eng Diskussioun, mee dat ass éischter an der Friddenskonferenz, iwwert ee méi grousse laange Waffestëllstand, ech hu méi klenger proposéiert. Wann et lo bei eenzelen Dierfer oder Stied zu méi groussen Operatioune kënnt, datt mer do méi humanitär Pausen aleeën an nach sou Propositiounen an deem Sënn. Ganz einfach wou ech geduecht hunn, datt eng Partie Saache kéinte proposéiert ginn, déi ëmsetzbar sinn an de Krich einfach, sou wäit dat méiglech ass, e bëssi méi human maachen."
Hie wier sech awer bewosst, datt säin Afloss begrenzt wier. Russland wier ee grousst Land mat engem komplexe System, wou een d'Messagen ëmmer nees op verschiddenen Niveaue widderhuele misst. Datt Russland un engem Fridden interesséiert ass, dovunner ass de Fernand Kartheiser awer iwwerzeegt. Genee esou wéi dovunner, datt déi Europäesch Unioun hir Politik vis-à-vis vu Russland ännere wäert.
"Sou datt déi Positioun, déi d'Europäesch Unioun huet, op laang Siicht iwwerhaapt net duerchzehalen ass. Mir sinn deen eenzege Grupp vu Staaten an der Welt, deen net mat Russland schwätzt. D'Amerikaner schwätze mat de Russen, jidderee schwätzt mat de Russen, zum Deel mat ganz gudde Relatiounen, just d'Europäesch Unioun an e puer anerer ronderëm net. An dat ass natierlech net duerchzehale mat der Zäit."
"Ech hu schonn eng Offer vun enger anerer Fraktioun"
Datt seng eege Fraktioun am Europaparlament, den European Conservatives and Reformists Group, hien dofir kritiséiert, datt en an dem Putin säi Russland geflunn ass, kann de Fernand Kartheiser net novollzéien. De Wladimir Putin géing nämlech nach länger un der Spëtzt vum Land stoen. Als Reaktioun op d'Rees huet d'EKR e Méindeg annoncéiert, datt elo d'Prozedur uleeft, fir de Lëtzebuerger sou séier wéi méiglech auszeschléissen. Sollt et dozou kommen, hätt hien e puer Optioune fir d'Zukunft, esou den EU-Deputéierte Fernand Kartheiser.
"Ech hunn nach guer keng Decisioun geholl, wat ech wéilt maachen. Ech kann natierlech als onofhängegen Deputéierte weiderschaffen, do hunn ech praktesch änlech Méiglechkeete wéi elo, also et ass net wéi wann dat mech vill géing hënneren. Ech hunn awer och schonn eng Offer kritt vun enger anerer Fraktioun, fir bei si ze kommen. Ech kucken, wat geschitt, vläicht kréien ech nach aner Offeren, awer ech kann Iech dat haut net soen."
Vu wéi enger Fraktioun déi Offer komm ass, wollt de Fernand Kartheiser awer net verroden. Wat seng Partei, d'ADR, ugeet, esou stäipt d'Presidentin Alexandra Schoos dem Fernand Kartheiser de Réck. Een Deputéierte misst d'Recht hunn ze schwätzen, mat wiem e wéilt. De Fernand Kartheiser hätt an der Vergaangenheet och ëmmer Positioune vertrueden, déi vum ADR-Walprogramm gedeckt wieren. Sollt dat iergendwann eng Kéier net méi de Fall sinn, misst een deen Ament reagéieren. Ma si géing dem Fernand Kartheiser awer vertrauen.
Wat een Ausschloss vum Fernand Kartheiser aus senger Fraktioun am Europaparlament ugeet, kéint déi Decisioun den 10. Juni falen. Deen Dag kënnt d'Fraktioun nämlech fir hier nächst Sëtzung beieneen. Et kéint awer och sinn, datt scho méi fréi eng ausseruerdentlech Reunioun aberuff gëtt.