An Israel hunn e Sonndeg dausende Leit fir en Enn vum Krich an der Gazasträif a fir d'Fräiloosse vun de Geiselen demonstréiert, déi nach festgehale ginn.

Eng Rei wichteg Verkéiersachse goufe vun den Demonstrante blockéiert, wärend zu Jerusalem an Tel Aviv vill Butteker zoubliwwe sinn.

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet den Demonstrante virgeheit, déi radikalislamesch Hamas ze stäerken an  d'Liberatioun vun de Geiselen zu verzögeren. Si géife mat hiren Demonstratiounen "sécherstellen, datt sech d'Dote vum 7. Oktober widderhuelen." Och virum Netanjahu senger Residenz gouf demonstréiert.

Den israeelesche Radiosender Army Radio huet iwwerdeems vun engem Plang vun der israeelescher Arméi bericht, d'Stad Gaza ze ëmzéngelen an anzehuelen.

Ënnert anerem de Forum vun de Geiselfamilljen, der gréisster Vereenegung vu Familljememberen, hat zu engem Streik e Sonndeg opgeruff, fir Solidaritéit mat de Geiselen ze weisen, déi vun Islamisten an der Gazasträif festgehale ginn. Sonndeg ass an Israel den éischten Dag vun der Woch.

RTL

© AFP/Menahem Kahana

"Honnertdausenden israeelesch Bierger wäerten haut d'Land mat enger klorer Fuerderung lämen", esou d'Organisatioun. "Bréngt déi 50 Geiselen zeréck a bréngt de Krich op en Enn."

D'Demonstratioune kommen no der Annonce vum israeelesche Sécherheetscabinet, datt den Asaz géint déi radikalislamesch Hamas an der Gazasträif verstäerkt wäert ginn. Biller an israeelesche Medie weisen, wéi Demonstrante Pneuen ufänken a laang Staue verursaachen. Ënnert anerem d'Autobunn tëscht Tel Aviv a Jerusalem gouf blockéiert. Déi israeelesch Police huet eegenen Aussoen no méi wéi 30 Demonstrante festgeholl.

D'Arméi wëll eegenen Aussoen no d'Stad Gaza anhuelen, genee ewéi d'Flüchtlingslager, déi zu Al-Mawasi an Zentrum vun der Gazasträif leien. D'Famillje vun de Geiselen hunn Angscht, datt d'Eskalatioun vum Krich zum Doud vun hire festgehalene Familljemembere féiere kéint.