
Nieft tonneweis Kokain an e puer Milliounen Zigaretten huet déi Europäesch Agence fir Grenz- a Küsteniwwerwaachung Frontex och nach ënnert anerem 710 Gefierer, 34 Booter, 2,4 Tonne Cannabis a bal 45.000 Benzodiazepin-Pëlle saiséiert. Gréisser Zomme Boergeld an zwou Dronen, déi beim Schmuggelen an den Asaz koumen, waren och confisquéiert ginn. An den Joint Action Days, un deenen och Interpol bedeelegt waren, goufen uechter 26 Länner ausserdeem nach eng 334 Leit festgeholl an 2.200 illegal Migranten detektéiert. Och eng 80 Schosswaffen a 17 aner Waffe goufe saiséiert.
Wéi et am Communiqué vu Frontex heescht, hunn déi involvéiert Beamte virun allem Grenzpunkten an Hafen iwwerpréift. Iwwer 150.000 Leit a bal 130.000 Ween goufen dobäi kontrolléiert. Gesicht gouf virun allem no geklauten Autoen, déi dacks benotzt ginn, fir Drogen, Boergeld oder Waffen ze schmuggelen. An enger Rei gréissere Fäll hunn d'Informatiounen, déi duerch de Koordinatiounszenter vu Frontex gelaf sinn, zu der Identifikatioun vu geklauten Autoe gefouert. Esou zum Beispill am Fall vun engem Auto, deen an Däitschland geklaut gi war an op enger Autobunn bei Warschau séchergestallt gi war. Duerch déi enk Zesummenaarbecht vun däitschen a polnesche Beamte konnt den Auto gestoppt ginn. Een aneren Auto, deen a Frankräich geklaut gi war, konnt duerch d'Zesummenaarbecht vun de serbeschen a kroateschen Autoritéiten um Wee a Serbien interceptéiert ginn.
Den Exekutivdirekter vu Frontex, den Hans Leijtens, sot dozou: "Ee geklauten Auto kann a kuerzer Zäit iwwer vill Grenze fueren. Wa mer e stoppe wëllen, muss d'Informatioun genee esou séier reesen. Dat heescht datt Beamten a verschiddene Länner mateneen deele mussen, wat si wëssen, a gemeinsam agéiere mussen." D'Operatioun hätt gewisen, wat esou Kooperatioune brénge kënnen.